Tommek - Kee Bandana Diss (prod. by dB) lyrics

Published

0 122 0

Tommek - Kee Bandana Diss (prod. by dB) lyrics

[Beat 1: Tommek] Moien Lëtzebuerg, Moien Essentiel an RTL Moien Escher Squad am Mercedes CLA an SLK Squa squa du héiers eis squaaaaaatten Mëttes nach mat der AK mee owes ouni Waaaaafffen Mee lo mol serieux ech duecht dat doten a** jo lächerlech Da** d'Medien dat sou deelen mee meng Meenung guff ganz wässereg Iwwerlee dach mol de Kär vum Problem a** een aneren Mat äre Kommentarer bréngt dir ëmmer dee Bandana rem Dat gëtt mir de Katz, #nohate fir d'Jungs aus dem Sale Sud Mee fir all Hater, dee sech behëllt wéi eng kleng Pute "uäh uäh uäh ech hunn deen Hype guer net gewollt" Mee du deels et, schwätz driwwer, du ba** selwer Schold Ech hunn et och gekuckt, ee mol geschmunzelt, weider fokusséieren Amplaz mech a sënnlosen Hate Gespréicher ze verléieren 't soll ee rausgoen, einfach maache wat ee selwer feiert Soss bleift een am Liewen stoen op der Plaatz a kënnt net weider Lächerlech, Rapper sëtzen doheem, kommen net kloer Fille sech lo vun de Medie gelénkt Kräischen d'Decke voll, rappe sech verzweifelt un den Hoer Während Mama hinnen de waarme Schoki an d'Kummer bréngt Si behapten, si giffen den Hype net ënnerstëtzen Da so mer firwat se sech un dem sh**storm dann ergötzen? Posten all Dag eppes zu deem Thema, kräische "MIMIMI Mama ech wollt awer Hunneg an dobäi eng Mlimlimli" Ech gesinn dora kee Sënn, steppen an de Studio zéien eppes positives raus aus menger Energie Fokusséire meng Gedanken an schaffe mam DB un enger nicer EP Dat Gelabers hutt mech zwar frustréiert, weider kënnt ee just wann ee sech konzentréiert Dofir Merci Bandana well du huss mech indirekt fir meng kommend CD mat inspiréiert All b**hrapper dee sech opreegt bis d'Linnen aus dem Bildschirm schloe beim EKG Als Kënschtler steet een do driwwer, pëtzt een An zou a geet säi Wee Amplaz sech mat peinlechen Aussoen ze kompromittéieren Ee Kënschtler gëtt anerer Konscht d'Recht ze existéiren Déi déi soen: "dat a** keng Konscht, dee Jong a** net ganz hell" Säi Rap hutt de Pepp an et a** iergendswéi originell De Schlaue kann och domm, mee den Dommen kann net schlau Mengt ee beim Schlauen e wier domm, a** dat vum Dommen net ganz schlau ------------------------------------------------------------------------- [Beat 2: Tommek] Heen hat alles fir een Hype-co*ktail a wann ee bedenkt Ass deen Hype bei deem wat gelaf a** eng logesch Konsequenz An hee schlürft dee lo, ganz genësslech an engem Gang Squad Während d'Land an Hysterie verfällt a sech d'Box vollkackt Dat a** Image Rap, et gëtt eng Léierstonn beim Monni Tom Eng Form vun Entertainment, vu ville Leit ugesinn als domm Déi an hierer Verklemmtheet meckeren de Bandana wier keen G Kucke kee Film méi mam De Niro, well hee verkeeft kee Kokain Schauspillqualitéiten lossen hei zwar staark ze wënschen iwwreg Mee de Prinzip a** de selwechten an du entscheeds; a** et witzeg? Amplaz sech opzereegen iwwer Leit di soen, se giffen am Ghetto liewen Soll ee sech mol froen, firwat et Leit ginn déi am Ghetto stierwen? Do mierkt ee wéi deplacéiert eis Interessen sinn Reegen eis op iwwer Saachen amplaz ze maachen, da** se besser ginn An do mierkt ee kloer wou d'Suerg vun eiser Gesellschaft läit Mir si sou verwinnt fir iwwer sou eppes nozedenken hu mer Zäit Amplaz iwwert de Bandana beim Essentiell Saachen ze schreiwen Kéinte mer eis vläit d'Zäit huelen iwwer essentiell Saachen ze schreiwen Ey ey well et a** net traureg, da** et gedeelt gëtt Mee 't a** traureg, da** sou een Artikel zum Problem gëtt Loss mech dir dat kuerz erklären Ech hat an der Bravo Zeitung plakeg Meedercher net gären Op der Säit 52, dat mécht mech dach guer net chaud Dofir hunn ech direkt bei der Foto-Lovestory opgeschlo Ganz einfach, kucken et net wann et net intresséiert Sinn der Meenung da** Rap vu Villfältegkeet just profitéiert Drénke gäre Mlimli, fannen Aachtercher totale sh** Reege mech awer net op, wann een och aner Mötschen ze kafe kritt, oder? Su laang de Voyeurismus am Mënsch bewierkt, da** ee gaffe wëll beim Accident Gi sou Saachen gedeelt, dat a** eng logesch Konsequenz Dat a** wi Medie funktionéieren, schockéieren, de Leit gi wat se friessen Oflenkung vum Alldag, wichteg Problemer vergiessen A meng Musik guff vum Eldo gedeelt, reege mech doriwwer net op Se krut eng handvoll Likes, hutt et d'Leit net genuch geschockt? Hätt ech dat deemols scho gewosst, hätt et mam Album vläit geklappt Cannabis a meng Mötsche gestach, gehofft da** ee Flick mech dann verhaft An de Problem a** net, da** Plattformen aner Musik net verbreeden Mee da** aner Saachen Leit net schockéiren, ergo se net begeeschtren Anscheinend deelen Medien qualitativ Musik jo ni Hei a** mäin offiziellen Opruff: deelt "Vitaminnentherapie" [...] Da** d'Halschent vun deene Leit guer kee Wuert driwwer verléiert Well kommentéiert gëtt just dann, wann et net gefällt an et ee stéiert Facebook a** ee Spigel dovunner wéi d'Gesellschaft tickt Dofir schwätze mir méi vum Bandana wi vun der Flüchtlingspolitik Also kiert mol virun ärer Dier, ech si kee Bandana Fan Mee heinsdo, awer nemmen heinsdo squatten ech mat der Gang